Apiculture Jungels

Beieprodukter aus dem Naturpark Our

Käerzen aus natierlichem Beiewues

Natierleche Beiewues huet e besonnesch schéint waremt Liicht, dofir sinn eis selwer gemaachte Käerzen aus Wues vun eisen eegene Beien ideal fir déi däischter Wanterzäit. Wann eng vun eise Käerzen iech besonnesch gefält kënnt dir iech bäi eis mellen, da brénge mir se mat op de Maart oder dir kënnt se op Branebuerg an eise Buttik siche kommen. Well mir als klenge Familljebetrib just eng limitéiert Produktioun hu sinn net ëmmer all d‘ Formen disponibel, maacht iech also bäi.

Apimondia 2025 Kopenhagen

Seit über 5 Jahren müssen wir unsere Bienen als erste Berufsimkerei in Luxemburg und warscheinlich eine der ersten in Europa nicht mehr gegen die Varroamilben behandeln, was den Bienen sehr viel Stress erspart. Dies wurde ermöglicht durch jahrelange Zuchtarbeit in unserem Betrieb. Wir hatten nun die Gelegenheit unsere Erfolge bei der Bienenzucht auf der grössten Imkereikonferenz, der Apimondia, vor erlesenem Publikum vorzutragen. Anbei ein paar Eindrücke. Die gesammte Präsentation auf englisch steht unter der Rubrik „Zucht“ zur Verfügung.

-CONGÉ- absent au marché

-den 13.9.2025 an de 27.9.2025 si mir net an der Staat um Mart, och eisen Online Shop as bis den 30.9.2025 ZOU!

-on est absent au marché le 13.9.2025 et le 27.9.2025 et notre Online Shop sera fermé jusqu’au 30.9.2025!

Wabenhunnig-méi frësch geet et net

Et ass elo Summer an eis Beien hu gutt geschafft, et ass vill Hunnig an de Kësten an dee giffe mir gäre mat iech deelen. Dofir hu mir elo Wabenhunnig preparéiert, deen dir sou wei en ass kënnt mat der Wab knaen. Eng absolut Spezialitéit fir d‘ Summersaison. Den Hunnig bleift e puer Woche flëssig a fänkt dann u mat kristalliséieren.
 

Sommersonnenwende

 Den Ufank vum Summer markéiert den Héichpunkt vun der Beiesaison, d‘ Beievëlker hunn den Hunnig elo bal all an de Kësten a fänken u sich op de Wanter ze preparéieren. D‘ Beievëlker ginn elo rëm mi kleng an d‘ Arbichterinnen fänken un d‘ Drohnen (Männlech Beien) virun d‘ Dier ze geheie well se net mei gebraucht ginn.

« Ältere Beiträge

© 2025 Apiculture Jungels

Theme von Anders NorénHoch ↑