Beieprodukter aus dem Naturpark Our

Autor: apisjungels

Sommersonnenwende

 Den Ufank vum Summer markéiert den Héichpunkt vun der Beiesaison, d‘ Beievëlker hunn den Hunnig elo bal all an de Kësten a fänken u sich op de Wanter ze preparéieren. D‘ Beievëlker ginn elo rëm mi kleng an d‘ Arbichterinnen fänken un d‘ Drohnen (Männlech Beien) virun d‘ Dier ze geheie well se net mei gebraucht ginn.

D’Wëlkar zu Kalber a voller Bléi

Zu Kalber gëtt Wëlkar (Silberbuchweizen) ugebaut fir Miel ze produzéieren. Den Hunnig vum Wëlkar huet e gudde kräftige Goût an ass elo ufank Juni a voller Bléi. Mir hun e Beiestand no bäi, wann d‘ Wieder matspillt gëtt et eng gutt Recolte.

© 2025 Apiculture Jungels

Theme von Anders NorénHoch ↑