De Wanter ass eng wichteg Zäit fir d‘ Beien an den Imker.
Fir net méi Fudder wei néideg ze verbrauche maachen d‘ Beien eng Bruutpaus, et kommen also wärend de kale Méint am Prinzip keng jonk Beie méi op d‘ Welt. D‘ Wanterbeien déi um Enn vum Hierscht op d‘ Welt komm sinn iwwerhuelen di wichteg Aufgab fir d‘ Vollek mat der Kinnigin duerch de Wanter ze bréngen an am Fréijar an déi nei Saison ze starte wann d‘ Kinnigin rëm ufänkt Eeër ze leen. Dës Wanterbeien sëtzen zesumme mat der Kinnigin bäi de kalen Temperaturen an enger „Wanterdrauf“, also enk zesumme gekuschelt, an hale sich géigesäiteg waarm.
Fir den Imker ass de Wanter méi eng roueg Zäit, de Verkaf vum Hunneg leeft zwar virun an et musse puer Saache preparéiert gi fir di nächst Saison, zum Beispill Këste flécken a Wues verschaffen, mee et bleift genuch Zäit fir iwwert d‘ Feierdeeg di eng oder aner Raclette z’iessen.
Hei e puer Fotoe vun eise Beiestänn am Wanter:


