Natierleche Beiewues huet e besonnesch schéint waremt Liicht, dofir sinn eis selwer gemaachte Käerzen aus Wues vun eisen eegene Beien ideal fir déi däischter Wanterzäit. Wann eng vun eise Käerzen iech besonnesch gefält kënnt dir iech bäi eis mellen, da brénge mir se mat op de Maart oder dir kënnt se op Branebuerg an eise Buttik siche kommen. Well mir als klenge Familljebetrib just eng limitéiert Produktioun hu sinn net ëmmer all d‘ Formen disponibel, maacht iech also bäi.





